De CNPD

D'national Dateschutzkommissioun (CNPD) ass eng onofhängeg Autoritéit, déi ageriicht gouf duerch d'Gesetz vum 2. August 2002 iwwert de Schutz vu physesche Persoune bei der Beaarbechtung vun de perséinlechen Daten.

Si ass verantwortlech fir d'Legalitéit vun de Fichieren a vun all Sammlungen, Benotzungen an Iwwerdroung vun Informatiounen vun erkennbare Persounen ze kontrolléieren. An dësem Kontext muss si de Respekt vun de Grondfräiheeten a Grondrechter vun de physesche Persounen, virun allem an hirem private Liewen, garantéieren.

Dozou erstrecke sech seng Missiounen och bis zur Sécherstellung vum Respekt vun de Bestëmmunge vum geännerte Gesetz vum 30. Mee 2005 iwwert de Schutz vum private Liewen am Beräich vun den elektronesche Kommunikatiounen.

Aktualiséiert